| Author |
|
Message |
El duderino!
Joined: 08 Jan 2004
Posts: 1653
Location: Floston Paradise |
|
Posted: Tue Mar 24, 2009 15:19
bon daat dengen hei schléit zimlech héich wellen. quasi all news sait um internet report hei driwwer.
dann mussen mir jo wuel och eppes driwwer schreiwen.
http://www.extremetech.com/article2/0%2C2845%2C2343703%2C00.asp
http://www.cnbc.com/id/29846278
http://news.cnet.com/8301-10797_3-10202688-235.html
wéi mat allem: i believe it when i see it!
|
Veteran
Joined: 29 Jan 2006
Posts: 134
|
|
Posted: Tue Mar 24, 2009 18:58
Hmm ech gesin deem ganzen do och bessi skeptesch entgeint. Fir mech klengt daat ganzt no ganz luesen Reactionszeiten an net wirklech flessegem spillen.
Mee d'Idee un sech klengt gudd an praktesch, fals se dann och sollt gudd an flesseg laafen. Sin mol gespaant wei daat herno dann alles leeft.
An sou nierwenlaanscht kreien se domadder den Kopeierschutz em een gudd Steck verbessert
|
Godlike
Joined: 08 Feb 2004
Posts: 723
|
|
Posted: Tue Mar 24, 2009 22:19
ech färten och, dass do d'latenzen ze vill heich get, fir action spiller, wou et op d'reaktion drop unkennt
desweideren, denken ech, dass dei meescht leit, keng deck genuch internet bandbreet fir soueppes hun
|
El duderino!
Joined: 08 Jan 2004
Posts: 1653
Location: Floston Paradise |
|
Posted: Tue Mar 24, 2009 22:48
| MasterOfDisaster wrote: |
| desweideren, denken ech, dass dei meescht leit, keng deck genuch internet bandbreet fir soueppes hun |
*anscheinend* geet eng 1.5Mbps leitung duer fir 480p an 5Mbit fir 720p, allkéiers à 60fps.
|
Hail to the King!
Joined: 20 Apr 2004
Posts: 1152
Location: Ettelbruck |
|
Posted: Wed Mar 25, 2009 11:02
hmm.. klengt awer wei wann se een Bottleneck duerch een aaneren ersetzen.
An klengt awer bosseg daat eng Internetleitung mei Schub soll hun wei Graphikkaart. Wann daat geif klappen, dann kaafen mer eis an Zukunft nemmen nach eng Netzwierkkaart an tesselen dei op den Fernseh an schons geet et lass mam Crysis?
|
Veteran
Joined: 05 Jan 2005
Posts: 195
|
|
Posted: Wed Mar 25, 2009 11:10
Ech hun eierlechgesoot och probleemer mir daat firzestellen ... mee loosse mech gaeren iwerraschen. Vlait brauch ech mir dann awer keng PS3 ze kaafen
@Landi: internetleitung huet jo nix mat der graka ze din (oder ech verstin dain verglach net). D'serveren berechnen jo alles an schecken nemmen d'resultat iwert d'leitung.
Et stellt een sech jhust froen, wei d'entwecklung sollt fierungoen vun der hardware, wann et beemol keng consolen mei gin? An wei simuleiren dei dann iwerhaapt eng PS3? Hun dei zesummen mat Sony geschafft, oder wei?
|
Godlike
Joined: 29 Jan 2004
Posts: 2115
Location: Ettelbruck |
|
Posted: Wed Mar 25, 2009 11:23
Fir Adventures & Puzzle Games (Beispill: Myst) ass daat do secher machbar... bei mei Action geluedenem Krom, wou d'Reaktiounszait en Faktor ass, gesinn ech awer schwarz wann se wellen d'Render-Engine remote hun. Leng fir den Input dierft d'Latenzzait vun den meeschten Netzer schon en Problem sinn... awer speidstens beim Streaming Output geht daat do secher schief. (Ech hun nach keen Videostream gesinn deen net mindestens en Buffer vun enger halwer bis enger Sekonn haat.)
Do ass id Software hier Iddi mam Content Streaming (an dem Rendering om Frontend) waitaus mei praktikabel, mee dei brauch natiirlech di ganz Rechenpower op Usersait.
-> I'll believe it when I see it... bis dohinner bezeechnen ech deen System do mol als 'Phantom II'.
|
Hail to the King!
Joined: 20 Apr 2004
Posts: 1152
Location: Ettelbruck |
|
Posted: Wed Mar 25, 2009 13:22
@Hagan: Ech hun et esou verstaanen daat an zukunft eng poopel onboard Graka am System ass an dei deck Berechnung kennt vun baussen iwwert d'Leitung eran. An dei Biller kommen als faerdegen Livestream jo awer net iwwert eng 512ter-Leitung mat Ping 95.
An wann elo jiddereen bestätigt daat et fir Shooters ze lues soll sin, wien soll dann bei Spiller profiteiren? Mir geif elo spontan nemmen Civ IV anfaalen, daat eenzigt 'lues' Spill waat dem PC vill oofverlaangt.
Grouss Firmen dei soss 2 Deeg den Autocad fir rendering laafen lossen, do gesin ech den Senn jo an. Mee wei eng Firma get hieren Projet schons un een Dretten? D'Chinesen laachen sech jo freckt wann mir hinnen den Blueprint schecken an se net mol mei kopeiren mussen
|
El duderino!
Joined: 08 Jan 2004
Posts: 1653
Location: Floston Paradise |
|
Posted: Wed Mar 25, 2009 13:52
|
Veteran
Joined: 29 Jan 2006
Posts: 134
|
|
Posted: Wed Mar 25, 2009 17:52
Sie behabten jo mol datt eben dei Latenzen, dei mir all hei ferten, net do dran werten sin.(Mee Microsoft behaapt och se geingen gudd Software maachen  ) Soen mer mol daat fonktioneiert wirklech, klappt et dann och fir Leit dei mei weit weg fun den "All mighty servers" setzen. An wouhin gin iwwerall dei Servers hingesaat? Henken mir dann an Europa rem wei emmer hannendrann? Oder kommen verschidden Spiller mol guer net mei hei an Europa raus?
Desweideren kann sech froen op dei Spiller fir emmer op deenen Serveren drop bleiwen? Oder kann ech no 2 Joer, wann den Hype fum Spill riwwer ass, daat net mei spillen well se et fun den Serveren gelescht hun?
An dei Serverfarm well jo secher och ennerhaalen gin. Waat also och rem een gudd Argument fir eng zeitlech Gebühr fir all Spill brengt. En plus muss een all Mount den den OnLive service bezuelen, wou een dann verstoppt fleit souguer mei ausget wei regelmeisseg een neien PC ze bezuelen.
|
Veteran
Joined: 05 Jan 2005
Posts: 195
|
|
Posted: Thu Mar 26, 2009 08:25
@Landi: am video confirmeiren sie jo waat ech mer geduercht haat, den server berechent all bild mat hieren GPUs, komprimeiren dei donnéen mat hierem ultra-dupa algorithmus, verschecken daat dann iwert d'leitung, an dain PC/Mac/Tv-box-zuups dekomprimeiert daat dann, an du kriss et ungewisen. Wann se sou een algorithmus hinkritt hun ... putain!
@Bonkers: Wei sie soen ass d'distanz zum server maximal 1500 milen, fir eng ordentlech latenz zeit ze hun. Dofir deployen sie hier serveren am moment op der east an west coast (YO!) an den States fir souvill wei meiglech oofzedecken. Vun Europa ass am moment nach guer net riets. Mee ech denken mer dass FALLS daat an den States mega funzt, sin mir net weit hannendran.
Ech geif dann och dofir petitioneiren, dass sie d'serveren hei zu letzebuerg mol opriichten, mir leien dach zimmlech zentral an europa ... an dann waere mer all mol net weit eweg vun den serveren
Mee egalwei iwerzeegend sie lo fir mech riwerkomm sin ... ech gleewen et ereischt wann ech et gesin! DAMN IT!
|
Godlike
Joined: 29 Jan 2004
Posts: 2115
Location: Ettelbruck |
|
Posted: Thu Mar 26, 2009 11:10
| Hagan wrote: |
| Vun Europa ass am moment nach guer net riets. Mee ech denken mer dass FALLS daat an den States mega funzt, sin mir net weit hannendran. |
Du vergess, dass Letzebuerg eent vun deenen Laenner ass, waat een op deenen meeschten Websaiten net mol als Land kann auswielen wann een seng Adress well antippen! Ech befierchten, dass daat do genau sou een Knascht gett wei daat wat een schon op munnechen Websaiten kann beobachten: "We're sorry but this video/game/content is not available in your country."
@Serveren: Ech geif dei eischter zu Frankfurt platzeieren. Besser Ubannung an mei zentral wann een Ost-Europa mat dobairechent.
|
Girlie
Joined: 10 Dec 2008
Posts: 16
Location: Folscht |
|
Posted: Thu Mar 26, 2009 13:03
Hun dei och gesoot waat deen spass do ongefeier soll kaschten?? Well sie missten ju dann awer emmer nes nei/besser GPUs resp CPUs kaafen, genau wei d lizenen fier d Spiller?! An dei keschten mussen clienten awer herno ejnesweich bezuelen? An se werten ju wuel och nach gären en bessen eppes verdingen? kann mer kaum vierstellen dass een do mei belleg weg kennt wei wann een sech einfach sein pc/console/spiller selwer keeft
|
Veteran
Joined: 05 Jan 2005
Posts: 195
|
|
Posted: Thu Mar 26, 2009 13:12
nope, nach keng praisleschten genannt gin. Wann ech daat richteg verstaan hun, soll daat waeend der beta oder dono publizeiert gin.
Waat secher kennt, ass een abo fir den service, do wees een alt dass et puer varianten waert gin.
Dann vun do aus, kann een sech een spill kaafen, oder lounen.
Dofir kommen och (geing ech mengen) keng käschten op fir d'lizenzen. Wann een d'spill keeft, kritt wuel den publisher d'geld.
Weiderhin sooten se dass sie all hallef joer hier hardwaren geingen upgraden. Mee bon, ass eng ausso wei eng aaner. upgrade waerten se secher, wei oft, haenkt secher dovunner oof weivill geld se rankreien.
Den wichtegen aspekt bei deser saach, ass net dass d'spill mei belleg gett, waat ech och net gleewen, mee dass du dir keng console oder PC mei brauchs ze kaafen/upgraden. An an deem fall lount et sech op jiddenfall mol schon fir sech daat auszerechnen.
|
Godlike
Joined: 25 Dec 2004
Posts: 1049
Location: Karlsruhe |
|
Posted: Thu Mar 26, 2009 13:21
| Steltek wrote: |
| Ech befierchten, dass daat do genau sou een Knascht gett wei daat wat een schon op munnechen Websaiten kann beobachten: "We're sorry but this video/game/content is not available in your country." |
dat kennt ze oft fir
gudd dass et proxyen gin
|