Savage 2 - A Tortured Soul
by Landaro | 08.03.2008 | 00:46
Page 1
Mat Savage 2, den Nofolger vum leider verkannten [i]Savage: The Battle for Newerth[/i] vun 2003, probeiert S2Games eng zweeten Keier sein Spill un den Mann ze brengen.
Savage 2 ass een FPS-Shooter, deen Elementer aus Rollenspill, Strategie an Shooteren verbennd.
Den Spiller kann zweschen zwou Rassen wielen, een keier Legion of Man an op der aaner Seit Beast Horde. Op all Seit kann een dann teschend verschidden Caracteren wielen wei zB een Builder, een Scout, Fighter, Healer oder een Giant als Rambock. Ressourcen sin nemmen Gold, daat een kann an Minen sammelen. Eng zweet Goldquelle sin d'Geigner, well een bei all Kill kritt een e bessi Gold an Experiance waat deels fir den Spiller ass, deen sech domadder kann Upgrades kaafen an deels fir d'Team, woumadder d'Gebeier bezuelt gin.
Do kommen och dann Rollenspillelemeter an d'Spill, well een sech net nemmen kann Rüstung kann kaafen, mee och seng HP oder Mana kann eropdrecken.
All team huet dann en plus een Commander, deen an enger Topview kann daat ganzt Schlachtfeld kann angesin an esou den verschidden Leit oder Squads kann Kommandos gin, wei zB d'Defense oprrichten, een Katapult ausschalten, den Geigner vun hannen ungreifen.
Den Kampf kann Fernkampf sin mat Bou, Magie oder Gewierer. Den Haaptdeel ass awer wuel den Nokampf wou jidderen 3 Attacken huet, dei nom Scheier, Steen, Papeir Prinzip gin, an esou z.B total geblockt kennen gin oder duebel damage maan.
D'Spill vun S2Games offreiert am Moment (Februar 2008.) eng Beta vun 5 Stonnen, an get och fleisseg upgedated. Waat och deck neideg ass, well an der Versioun 1.0 am Januar war daat ganzt zimlech onmeiglech ze spillen.
D'Graphic ass och mei wei unspriechend, secher keen 'Dernier Cri', mee dofir och op mei klengen Keschten secherlich nach spillbar.
Waat sech bis elo alles zimlech positiv unheeirt, huet awer och 1-2 kleng schlecht Punkten. D'Spill gleicht dem Savage 1 wei eng Dreps Waasser, vill Savage 1 Spiller sin secher enttäuscht daat net vill nei Elementer bei komm sin. An d'Spill leiwt immens vun guddem Teamplay, an do ass een Public Server oft wirklech keng valable Alternative. Esou daat een sech freet geint wien een dann henno spillen wellt, wann een sech den Titel bis kaaft huet.
Op der aaner Seit kascht den Titel och nemmen 30$ an wien Savage 1 schengt et erem genee esou een Geheimtipp ze gin vir op enger LAN sech mat Kollegen erem ze klappen.
Added: Well ech esou laang getrentelt hun mat mengem Review ass d'Spill an der Teschend eraus komm :)
