Guitar Hero Aerosmith - PS2 Review
by le12ro | 01.07.2008 | 21:04
Werde zur Rockgrösse!
“Du rockst” erscheint graad op mein Schierm, de Publikum waar sou begeeschtert vum Encore, an ech kruut eng fennef Staeren Beweertung fiir de “Walk this Way” lidd vum Aerosmith. Guitar Hero Aerosmith heescht daat läscht Guitar Hero spill vun der Serie an ech besetzen deen seit ee puer deech fiir PS2. Ass et dann eppes?
Den eischten Androck noo ee puer Stonnen waar et daat et ok ass. Graphesch geseit et op menger aaler PS2 par Rapport zu aaner Guitar Hero Titelen (GH2 oder GH3) e zimlech eidel aus, d’Animatiounen sinn zwar dank Motion Capturing gelong, d’Modeller sinn och gelong, mais leider sinn di eenzel Bühnen an d’Szenen leider eidel. Et kommen och nach unschein opfelleg problemer mat den Characterschied, an manchmool reckelt et - doduerch kann een manchmool och een nout verpassen. D’Präsentation vum Spill ass zimlech wei Guitar Hero 3, mam klengen ennerscheed daat een mei luedezeiten huet. Bon, geseit een daat d’Spill eher fiir di nei Konsoulgeneratioun geduecht ass an net fiir di aal PS2.
D’Musek ass ok – et ass awer eng Affaire de Gout op een Aerosmith lidder gaeren huet oder net. Et spillt een als eischt ee puer (non Aerosmith lidder) Openings mat senger group an sengem character an douno iwwerhuelt een een Aerosmith Guitarist fiir hier Lidder ze spillen. De Schwierechkeetsgraad ass zimlech niddrech gesaat wann een deen mam Guitar Hero 3 vergleicht. D’lidder offreieren zimlech standard Guitar Hero Spaas – mein klengt innerlech Rockstar erwäscht sech all keier wou ech di Plastikguitarr am grapp hunn. Gameplaymeissech ass et emmer nach d’selwecht, just d’Hammerons an Pulloffs sinn elo ee bessi mi schweier rauszebrengen. Wann een Guitar Hero 3 am Expert duerchhuet, fennt Guitar Hero:Aerosmith einfach.
Spilleresch verleiert Guitar Hero Aerosmith awer just de Spassfaktor deen d'Invidualiteit vun der Band normalerweis brengt. An all Guitar Hero bis elo huet een Souen verdingt, dei een ausgett fiir sein eegenen Character opzepimpen siew et mat nei Kleeder, nei Leppensteft oder eng eegent designed Guitar. Gei GH:A kann een emmer nach Souen kreien an sein Character oppimpen - mais all keier wou den Aerosmith hier Lidder spillen gett sein eegenen Character an eegent Band duerch regenereiert Aerosmith Charactären replaceiert - et wees een mool net mei ween een op der Bühn representeiert. Vue que den Aerosmith sou gudd wei 90% vun der Zeit spillt geseit een sein eegent Character net. Di eegent Rockgroup gett och schnell am Hannergronn gesaat - et spillt een nemmen d'opening acts. Den eegenen Character Pimping verleiert all sein Senn. Wierwaat verdengt een dann Souen wann et neischt brengt dei auszeginn?
Vue que d'Souenkollektioun an d'Characterpimping sein Charme verleiert, huet een als Spiller quasi keen Challenge sech all Bonus freizekaafen - vue que een et daat freigeschalt sou gudd wei nie benotzen daarf. Et mecht zwar Spaas sech ze iwwertreffen an bei d'Lidder 5 Staeren ze kreien, mais d'Spill selwer gett der dann kee Bravo dofiir. Et gett och sou gudd wei keng Bonussongs. Am KarriereModus spillt een zwar op Plaatzen wou Aerosmith bekannt gouf – mais als Spiller kritt een nie d’Gefill, dier hätt zu der Populariteit vun der Group beibruecht. D’Lidder ginn och net chronologesch gespillt, et fängt een mat engem Lidd vun 2007 ze spillen un. Am fong besteeht d’Karriere just aus Plaatzen dei de schon bekannten Aerosmith rem besicht fiir Concerten ze maachen. Op menger PS2 Box steeht “Werde zur Rock Größe” – D’gefill kennt nie op, ech sinn schon direct beim eischten optrett ee weltbekannten Artist. Guitar Hero 2 an 3 huet et schon besser gemaach.
Conclusion:
Am fong ass GH:Aerosmith just eng nei retsch vun Lidder deen een freischalt an soss neischt. Fiir GH:Metallica missten dei nach puer Korrektueren am Bereich vun der Präsentatioun an Gameplay maachen. Ween awer neien Fodder fiir seng Guitar Hero Mangel sicht an soss neischt fenndt, deen kann dropgreifen.
